Billergallerie - Wanterconcert 13/12/2022

Dëst Joer stoung de Wanterconcert ënnert dem Motto vum Piotr Illitsch Tschaikowsky séngem Ballet “The Nutcracker”. Virun allem d’Enseignanten vun der Formation musicale hate sech an dëse Projet investéiert an deementspriechend vill Kanner aus dem Solfège um Concert engagéiert. Awer och all aner Klassen aus der Péitenger Museksschoul hunn hiren Nussknacker-Bäitrag a Form vun engem musikaleschen Deel aus dem Ballet bäigesteiert.

De Public huet deementspriechend net mat Applaus gespuert a war och bei der Quête zugonschte vu Caritas - Hëllef fir d’Ukraine genee esou generéis: 2000 Euro duerfte mer zum Schluss vum Owend der Mme Theves iwwerreechen.

Merci nees eng Kéier un de Laurent Blum fir déi wonnerbar Biller!