D'Péitenger Museksschoul op Besuch bei Steinway & Sons

Et ginn Erliefnesser, déi bleiwen eemoleg, esou warscheinlech och eis kleng Rees op Hamburg bei dee wuel bekanntste Pianobauer vun der Welt. 🎹

No engem immens interessanten Tour duerch d'Manufaktur, wou mer d'Konstruktioun vun engem Steinway-Piano duerfte vun Ufank bis Schluss observéieren, hunn eis Enseignanten Mérylien Bajot, Jerry Dahm, Anaïs Nepper, Luca Sales a Mady Weiland mat vill onermiddlechem Asaz dat perfekt Instrument fir de Concertssall vun der neier Péitenger Museksschoul ausgewielt - a fonnt!🧐🤩

Merci der Gemeng Péiteng dat hir eis Museksschoul an domat de Museksunterrécht esou um Häerz läit!

E grousse Merci un d'Pianohaus Marcus Hübner e.K. fir hir wäertvoll Begleedung an de Coaching!

Geschwënn geet eise Fligel op eng grouss Rees a mir kënnen et kaum erwaarden, en a sénger neier Hémecht ze emfänken!