Billergallerie - Piano Plënneraktioun Concertsfligel

Mir erënneren eis zeréck: Virun engem gudde Mount war zu Péiteng eppes méi lass, wéi eng ganz Rëtsch vu méi klengen a méi grousse Pianoen op d’Rees goung.

Den Highlight a kréinenden Ofschloss vun der ganzer Aktioun war awer definitiv de leschten Dag - hei gouf dann och de Fligel fir eise Concertssall bruecht! Bis awer de grousse Sall fäerdeg ass, dierf dëse Bijou vun engem Instrument an eisem Konferenzsall eng Tëschestatioun aleeën. Ganz zur Freed vun eise Pianisten, déi sech réigelméisseg a mat vill Begeeschterung un deen neie Fligel setzen.