Billergallerie - Portes Ouvertes (17/05/2025)

Hutt der Loscht Musek ze léieren an eis Museksschoul vu méi no kennen ze léieren? Op eiser traditionneller Porte Ouverte um Samschden 17. Mee war dofir déi richteg Geleeënheet; hei gouf an eis Couren erageluusst, Concerte gelauschtert, Informatioune gefrot a virun allem sech fir dat neit Schouljoer ageschriwwen. Besonnesch dat neit Konzept mat de Concerten um Palier um éischte Stack koum gutt un!
Géngt den Honger an den Duuscht gouf et och eppes, d’Museksveräiner an d’Frënn vun der Péitenger Museksschoul haten dofir beschtens gesuergt.
Eis Umeldunge si weiderhinn bis den 10. September op!