Billergallerie - Bach on Bike (Bach Vereenegung Lëtzebuerg)

E musikalesche Velostour duerch Lëtzebuerg; vu Miersch aus pedaléieren d’Participanten duerch déi schéi lëtzebuerger Landschaft a maachen hei an do musikalesch Pausen, wou si klassesch Concerten mat Barockcello, Blechbléiserquintett esouwéi Flûte an Cembalo gebuede kréien.

Finale war zu Péitenger an der neier Museksschoul, wou d’Cyclisten den Ofschlossconcert “Jazzy Bach” vum Trio Julia Belova lauschtere konnten. Am Asaz waren d’Julia Belova um Piano, de Franck Hemmerlé op der Batterie an eisen Enseignant Max Serra um Kontrabass.