Billergallerie - Aweiung 2026 - Jeff Herr Corporation (14/03/2026)

D’Enseignanten vun der Péitenger Museksschoul sinn alleguer och nach aktiv Museker. Een dovunner ass eisen Enseignant fir Drumset, de Jeff Herr, dee sech an der Lëtzebuerger Museksszen an iwwert d’Grenzen eraus mat sénge villen Optrëtter e gudden Numm gemaach huet. De Jeff huet vill verschidde Projeten op d’Bee gesat, fir d’Aweiung vun der Péitenger Museksschoul an de Centre musical et culturel Korus war et un der Jeff Herr Corporation - zesumme mam Pol Belardi um Bass a mam Maxime Bender um Saxophon gouf de begeeschterten Nolauschterer e virtuosen an uspriechende Programm gebueden!

E grousse Merci dem Paulo Lobo / der Gemeng Péiteng fir déi wonnerbar Fotoen!