Retour à tous les événements

Äddi, al Museksschoul! Concert d'adieu

  • Péitenger Museksschoul 1 Rue des Écoles Pétange, District de Luxembourg, 4731 Luxembourg (carte)

Geschwënn ass et esouwäit a mir verloossen eist aalt Gebai a Richtung rue Batty Weber!

Iwwer 55 Joer huet eis dat schéint alt Haus an der Schoulstrooss trei Déngschter geleescht. Do wou fréiher d’Schwësteren an d’Paschtéier gewunnt hunn, ass dagaus an dagan Musek gemaach ginn, heiansdo ganz schéin, heiansdo manner schéin mee ëmmer mat enger Haptiddi: Freed ze maachen.

Ëmmer nees gouf d’Gebai emgebaut, renovéiert an den Ufuederungen ugepasst a vill schéi Momenter duerfte mer an eiser aler Infrastruktur erliewen.

Mat genee esou engem schéine Moment wëlle mer der Museksschoul op der Adress 1, rue des Ecoles Äddi a Merci soen.
Samschdes de 16. Dezember kënnt der ab 14h00 Nomëttes eis Raimlechkeeten nach emol besichen an ab 14h30 am Préau ee flotte Schülerconcert genéissen. Ofgeschloss gëtt dann mat engem Patt an engem Maufel, deen eis Gemeng eis zu der feierlecher Geleeënheet spendéiert.

Wëll d’Plaz am Préau leider streng limitéiert ass, kënne mer just ugemellte Besuch eraloossen.
Mir bieden iech dofir, är Umeldung fir de Concert op dëser Säit auszefëllen.

Événement antérieur: 11 décembre
Audition classe de piano Mérylien Bajot
Événement ultérieur: 27 janvier
Combo-Concert