Billergallerie - Concert d'adieu "Äddi Al Museksschoul"

Geschwënn ass et esouwäit a mir verloossen eist aalt Gebai a Richtung rue Batty Weber!

Iwwer 55 Joer huet eis dat schéint alt Haus an der Schoulstrooss trei Déngschter geleescht. Do wou fréiher d’Schwësteren an d’Paschtéier gewunnt hunn, ass dagaus an dagan Musek gemaach ginn, heiansdo ganz schéin, heiansdo manner schéin mee ëmmer mat enger Haptiddi: Freed ze maachen.

Ëmmer nees gouf d’Gebai emgebaut, renovéiert an den Ufuederungen ugepasst a vill schéi Momenter duerfte mer an eiser aler Infrastruktur erliewen.

Mat genee esou engem schéine Moment hu mer Samschdes, de 16. Dezember der Museksschoul op der Adress 1, rue des Ecoles Äddi a Merci gesot.
Eis Invités konnten am Préau ee flotte Schülerconcert genéissen, duerno gouf mat engem Patt an engem Maufel, deen eis Gemeng eis zu der feierlecher Geleeënheet spendéiert huet, ofgeschloss.

Merci dem Ben Leyder an dem Jean-Michel Nepper fir d’Fotoen.

Net nëmmen d’Schüler, mee och d’Enseignanten hu Wäert drop luecht, sech nach emol perséinlech an natierlech op musikaleschem Wee ze verabschieden. Keen anert Stéck ass do esou passend wéi dat alt schottëscht Lidd “Auld Lang Syne”.