Billergallerie - Piano Plënneraktioun Deel 1 vum 13/02/2024

D'Fuesvakanz huet fir d'Péitenger Museksschoul e bësse méi spektakulär ugefaangen; Wärend zwee Deeg goufen alleguer eis Pianoen an dat neit Gebai geplënnert. Um éischten Dag stoungen déi riit Pianoen um Menu - een, deen an der Schoulstrooss eis al Trapenhaiser kennt, dee weess sécherlech wat dat fir eng Erausfuederung ass!

Mee all dat huet d'Equipe vum Pianohaus Marcus Hübner e.K. ouni Problem gemeeschtert kritt.

En plus goufe mer nach vum däitsche Fernsehsender Südwestrundfunk begleet; am Kader vun hirer Serie "Handwerkskunst" gouf fir Youtube an Telé eng Folleg iwwer Beruffer am Handwierk gedréint.