Billergallerie - Modern Music Days “Workshop”

Virun iwwer 10 Joer ass d’Iddi entstan fir zesummen den Departement vum Jazz a vun der moderner Musek opzebauen. Doraus ass eng Zesummenaarbecht tëscht de Museksschoulen Déifferdeng a Péiteng entstan, déi laang Jore gutt fonctionéiert huet an déi leschte Weekend nach emol hir Friichte weisen duerft.

Aus béide Schoulen hate sech iwwer 40 Schüler zu Déifferdeng am Aale Stadhaus afonnt fir zesummen mat den Enseignanten aus béide Schoulen ze schaffen. Vu jonk bis manner jonk, Ufänger bis Fortgeschratt war alles dobäi a jidderee konnt vu jidderengem léieren. Nieft Prouwen an de Combo-Formatioune gouf et awer och nach interessant Konferenzen iwwert déi zwee Haaptpersonnage vun deem Weekend, dem Ray Charles an dem Duke Ellington. Als spezielle Gaascht huet den zweeten Dag de Jérôme Klein säi Wëssen a séng Erfarungen un d’Schüler viruginn.

Ofgeschloss goufen d’Modern Music Days vun engem klenge Concert, wou déi ganz zoufälleg zesummegesate Formatioune weisen duerfte wat se geléiert a geprouft haten!