Billergallerie - Modern Music Days "Teacher's Concert"

Säi Wësse vermëttele kënnen ass dat eent, wat een als Enseigant auszeechent. Et mécht awer nach emol esouvill Androck, wann ee säi Fach, spréch Instrument, och beherrscht an dat weise kann.

D’Schüler vun de Modern Music Days konnte séch alleguer bei der Geleeënheet vun engem speziellen “Teacher’s Concert”, dee Samschdes owes mam ganze Staff iwwert d’Bün goung, iwwerzeegen.

Net feelen duerft bei dësem Workshop och den Optrëtt vun der Déifferdénger Big Band.

Merci dem Christian Rohner fir déi wonnerbar Fotoen!