Billergallerie - Audition mixte "Gourmandises musicales" 05/07/2025

Eis lescht Audition mixte - Gourmandises musicales fir dëst Schouljoer war gutt besicht! Bei dëser Editioun um Rendez-Vous: Piano, Mandoline, Guitare, a Formation musicale. 🎼🎹 Besonnesch d'Schüler aus der Ofschlossklass FM6 hu sech gefreet, hir 2 Imposés vum Examen vu mueres nach emol hunn dierfe virzedroen.

Dat ganzt natierlech nees ofgeronnt vun engem Patt an enger wuelverdéngter Séissegkeet aus den Hänn vun de "Frënn vun der Péitenger Museksschoul"! 🧁🥧
E grousse Merci dofir dem Vera an dem Raoul vun de Frënn, déi doheem fläisseg gebak haten!