Projet Maison Relais / Museksschoul Péiteng - Duebelt Liewen

Wéi gewinnt schléisse mer eist Schouljoer nees mat engem flotte Projet tëscht de Maisons Relais Lamadelaine a Rodange an der Péitenger Museksschoul of. Eisen Enseignant Jeff Herr huet dës Kéier fir de Video een Titel vum Pharell Williams ausgewielt, fir zesumme mam Centre audio-visuel Audeo vu Lamadelaine an hirer Responsabler Véronique Biver opzehuelen.