Billergallerie - Séance académique & Concert d'inauguration (27/02/2026)
No laanger Bauzäit ass et endlech esouwäit, d’Péitenger Museksschoul an de Centre musical et culturel Korus ginn ageweit.
Déi musikalesch Emrahmung vun der Akademescher Sëtzung gouf vun de Schüler aus der Péitenger Museksschoul aus de Klasse vum Jerry Dahm, Gesine Kolb a Bardo Michaelis assuréiert.
Uschléissend huet een exceptionnelle Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg ënnert der Direktioun vum Fabrizio Ventura stattfonnt. Um Programm stoung als Highlight d’Holberg Suite vum Edvard Grieg, déi d’akustesch Talenter vun eisem Concertssall en Evidence gesat huet.
Als Solist um Piano hate mer ee weideren Highlight an déi grouss Freed, e fréiere “Rodanger Jong”, de Francesco Tristano begréissen ze dierfen. Hien huet deen Owend Wierker vum Johann Sebastian Bach, awer och séng eege Kompositiounen interpretéiert, sief et als Solist oder begleet vum Orchestre de Chambre du Luxembourg.
E grousse Merci dem Laurent Blum / der Gemeng Péiteng fir déi wonnerbar Fotoen!