Brochure vun der Péitenger Museksschoul a vum Korus - Centre Musical et Culturel

E Projet, dee vill Zäit a vill Energie ageholl huet, verdéngt och festgehalen ze ginn.

Eis speziell Brochure, zur Geleeënheet vun der Aweiung vun der Péitenger Museksschoul an dem Centre Musical et Culturel Korus, faasst nach emol d’Iddi hannert dem Projet esou wéi déi wichteg Etappen zesummen, dat ganzt illustréiert mat Biller vum Architekteburo a vum Chantier.

Anengems presentéiere mer eisen Aweiungsprogramm, dee mat ville flotte Concerten eise Concertssall an all sénge Facette weist.