Billergallerie - Aweiung 2026 - Concert des Enseignants (24/04/2026)

De Piano ass – wéi a bal all Museksschoul – och zu Péiteng dat beléiftst Instrument. Kee Wonner also, datt eis vill Pianosenseignanten dëst Joer hiren eegene Enseignantsconcert gestalt hunn.

Fir dëse besonneschen Owend gouf eise Concertsfligel esouguer duerch säin "Zwilling" ergänzt. Mat zwee Fligelen um Podium konnt de Public sech op e variéierten an aussergewéinleche Programm freeën, mat Wierker fir zwee Pianoen, véier- an esouguer aachthänneg – e musikalescht Erliefnis, dat een net all Dag ze héiere kritt.

E grousse Merci dem Paulo Lobo / der Gemeng Péiteng fir déi wonnerbar Fotoen!