Billergallerie - Aweiung 2026 - Klein (18/04/2026)

A sengem Projet schafft de Jerome Klein mat enger Rei vu Kontraster an engem minimalistesche Kader, a rutscht dobäi an eng niwweleg Stëmmung vu Melancholie an däischtere Faarwen. An dësem bal reng gehalene Kader iwwerrascht seng Musek mat haarde Liichtblëtzer, Energie-Explosiounen an esouguer enger frenetescher Ekstase, wann d’Museker hir Passioun iwwerhuelen loossen. Och wann dës Beschreiwung scho vill Indicen gëtt, huet de Jerome Klein d’Iwwerraschung fir seng Live-Performance behalen. Nieft dem Jerome Klein um Rhodes, um Piano an op de Keyboards héiert der de Pol Belardi um Vibraphon an um Bass esouwéi den Niels Engel op den Drums. 

E grousse Merci dem Paulo Lobo / der Gemeng Péiteng fir déi wonnerbar Fotoen!