Projet Maison Relais / Museksschoul Péiteng - Abracadabra / APT.

Wéi gewinnt schléisse mer eist Schouljoer nees mat engem flotte Projet tëscht de Maisons Relais Lamadelaine a Rodange an der Péitenger Museksschoul of. Eisen Enseignant Jeff Herr huet dës Kéier fir de Video een Titel vum Lady Gaga esouwéi vum Bruno Mars & Rosé ausgewielt, fir zesumme mam Centre audio-visuel Audeo vu Lamadelaine an hirer Responsabler Véronique Biver opzehuelen.