Jugendmuseksdag (Frënn vun der Uewerkäerjenger Musek)
Optrëtt vun eisem Klarinettenensembel ënnert der Leedung vum Gérard Frisch um Jugendmuseksdag vun de Frënn vun der Uewerkäerjenger Musek.
Optrëtt vun eisem Klarinettenensembel ënnert der Leedung vum Gérard Frisch um Jugendmuseksdag vun de Frënn vun der Uewerkäerjenger Musek.
Nach kuerz virun der Vakanz spillt eis Geieklass vun der Mme Elisabeth ZASMAN zur Geleenheet vum Chrëschtmaart am Shopping Center CORA zu Messancy!
Dee scho bal traditionnelle gemeinsame Concert vun den Harfeklassen aus dem Escher Conservatoire an der Péitenger Museksschoul, dëst Joer och nees mat musikalescher Ennerstëtzung vun de Flûten an den Celloen.
Bei der Editioun 2019 vum Péitenger Chrëschtmaart sinn eis Schüler och erem vertrueden. Présent bei der Sonndeseditioun sinn d’Comboen, d’Percussioun an d’Ensembles vocaux.
Bei der Editioun 2019 vum Péitenger Chrëschtmaart sinn eis Schüler och erem vertrueden. Bei der Samschdes-Editioun trieden de Saxophonsquartett an d’Klass vum Chant Moderne op.
D’Péitenger Museksschoul ass och dëst Joer nees um Niklosmaart beim Stadthaus derbäi; op der Bühn stinn eis Comboen, d’Schüler aus der Klass vum Chant moderne an eise Saxophonsquartett.
Bicher a Musék passe gutt beieneen, dofir ass d’Museksschoul mat der Geieklass vum Judith Magyarics bei der Porte Ouverte vum CIGL Bicherland och mat derbäi.