Filtrer par : Concert

Concert Apéritif - UCL Jazz Society meets Péitenger Museksschoul
juin
18
10:30 AM10:30

Concert Apéritif - UCL Jazz Society meets Péitenger Museksschoul

D’UCL Jazz Society besteet aus enger Big Band an enger Chorale, forméiert vu Studente vum University College vu London. Fir d’Fête de la Musique si si zu Lëtzebuerg, a spillen do ee Concert op der Plëss, bei dëser Geleeënheet spille si nach een zweete Concert, dëst an Zesummenarbecht mat der Péitenger Museksschoul.

Um Programm steet fir den éischten Deel d’Combo ënnert der Direktioun vum David Ascani. Am zweeten Deel spillen dann eis Gäscht eng flott Auswiel vu bekannte Big Band-Tuben an natierlech och aktueller Musek.

Voir l'événement →
Modern Music Days by Déifferdénger and Péitenger Musekschoul
mars
18
à 19 mars

Modern Music Days by Déifferdénger and Péitenger Musekschoul

Aschreiwung / Inscription:

https://my.weezevent.com/modern-music-days

LU: Concerten a Workshopen

D’Modern Music Days ginn all Schüler aus de Museksschoulen Déifferdéng a Péiteng, deen interesséiert ass mat anere Museker zesummen ze spillen, d’Geleeënheet fir un engem Weekend voll Musek a Freed deel ze huelen.
Zwee Personnagen, déi aus der Geschicht vun der moderner Musek net ewech ze denke sinn, si bei dësem Evenement de roude Fuedem: den Duke Ellington an de Ray Charles. Zousätzlech hu mer d’Freed, de Museker a polyvalenten Enseignant Jérôme Klein an eisem Corps enseignant fir d’Workshopen an de Concert vun den Enseignante begréissen ze dierfen.

 

Programm

Samschden 18.03
10h00 - 18h00 Workshopen + Presentatiounen
18h30 - 19h30 Big Band plays Ellington
20h00 - 21h00 Teachers Combo

Sonnden 19.03
10h00 - 15h00 Workshopen
15h00 - 16h00 Open Soundcheck
16h00 - 18h00 Concert vun de Schüler


 

FR: Concerts et workshops

Les Modern Music Days présentent une opportunité à tous les élèves des écoles de musique de Differdange et Pétange qui sont déjà dans un ensemble ou qui sont intéressés de jouer ensemble avec d'autres musiciens de participer à un weekend plein de musique et de plaisir!
Le fil rouge de l'événement tourne autour des deux personnages incontournables de l'histoire de la musique moderne: Duke Ellington et Ray Charles. En plus, le musicien et enseignant polyvalent Jérôme Klein rejoindra le corps enseignant pour les workshops et le concert des enseignants.

 

Programme

Samedi 18.03
10h00 - 18h00 Workshops + présentations
18h30 - 19h30 Big Band plays Ellington
20h00 - 21h00 Teachers Combo

Dimanche 19.03
10h00 - 15h00 Workshops
15h00 - 16h00 Open Soundcheck
16h00 - 18h00 Concert des élèves


EN: Concerts and Workshops

Modern Music days will be an opportunity for all music school students from Differdange and Petange that either are already in a combo or want to experience playing together with other musicians to spend a weekend full of music and fun!
The main theme of the weekend will evolve around two great personalities of modern music history: Duke Ellington and Ray Charles. As a little extra, polyvalent musician and teacher Jérôme Klein will join the faculty for workshops and join the teachers combo in concert as a special guest.

 

Program:

Saturday 18.03
10h00 - 18h00 Workshops + Presentations
18h30 - 19h30 Big Band plays Ellington
20h00 - 21h00 Teachers Combo

Sunday 19.03
10h00 - 15h00 Workshops
15h00 - 16h00 Open Soundcheck
16h00 - 18h00 Student Concert

Voir l'événement →
Combonight
mars
15
7:00 PM19:00

Combonight

  • Ecole Régionale de Musique Ville de Dudelange (carte)
  • Google Agenda ICS

Erliewt d’Comboen aus de Museksschoule vun der AEM (Association des Ecoles de Musique), live op der Bün vum Auditoire vun der Diddelénger Museksschoul. D’Péitenger Museksschoul ass deen Owend vetruede mat enger Combo ënnert der Leedung vum Jeff Herr.

Voir l'événement →
Remix22 European Youth Music Festival - Concerten zu Péiteng
mai
27
1:00 PM13:00

Remix22 European Youth Music Festival - Concerten zu Péiteng

Lëtzebuerg invitéiert 2022 jonk Leit a Studente vu Museksschoulen aus ganz Europa, fir zesumme mat 1500 Schüler aus Lëtzebuerger Museksschoulen opzetrieden. Wärend 3 Deeg wäerten duerch d’ganzt Land méi wéi 400 Concerten op deene verschiddene Plaze stattfannen.

Esou och de 27. Mee zu Péiteng op der Place du Marché virun der Maison de la Culture “A Rousen”.

Erlieft tëscht 13h00 an 22h00 d’Ensembelen, Comboen, Choralen an hir Enseignanten vun der Péitenger Museksschoul zesumme mat eise Gäscht op enger flotter Bün am Kär vu Péiteng. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

Méi info zum Festival gëtt et hei:
www.remix22.lu

Voir l'événement →
Concert Open-Air Combos & Chant Moderne
juil.
13
6:00 PM18:00

Concert Open-Air Combos & Chant Moderne

Dir héiert eis Comboen ënnert der Leedung vum Jeff Herr a Sven Sauber esouwéi d’Klass vum Chant Moderne ënnert der Direktioun vum Cynthia Knoch.

De Concert fënnt wéngt de schlechte Wiederkonditiounen am Home vu Péiteng statt.

D’Plaze si streng limitéiert, dofir mellt iech onbedéngt un, per Telefon 501251 5600 oder mail peiteng@museksschoul.lu

Eis Schüler an eis Enseignanten freen sech op äre Besuch!

Voir l'événement →
Concert Open-Air Cordes
juil.
6
6:00 PM18:00

Concert Open-Air Cordes

Mir proposéieren iech e Concert vun eise Sträicher-Ensemblen, den Ensembles à cordes débutant an intermédiaire esou wéi dem Cellos-Ensemble, dëst ënnert der Direktioun vu Victor Ovidiu Dragan, Anne-Marie Kalmus, Judith Magyarics an Elisabeth Zasman.

De Concert fënnt wéngt de Wiederkonditiounen net beim Centre Wax op der Open-Air-Bühn, mee am Home vu Péiteng statt.

D’Plaze si streng limitéiert, dofir mellt iech onbedéngt un, per Telefon 501251 5600 oder mail peiteng@museksschoul.lu

Eis Schüler an eis Enseignanten freen sech op äre Besuch!

Voir l'événement →