Retour à tous les événements

Aweiung 2026 - Soirée des anciens

  • Péitenger Museksschoul 50, rue Batty Weber 4784 Pétange Luxembourg (carte)

Soirée des anciens

Mir ginn nostalgesch! E Freiden, 05. Juni um 19h00 kënnt der op eiser Soirée des Anciens live materliewen, dat et beim Musek spillen dat selwecht ass wéi beim Vëlo fueren: et verléiert een et ni!

A bal 60 Joer Péitenger Museksschoul si vill Schüler bei eis an- an ausgaangen. Ëmsou méi Freed mécht et, wann dës Schüler och 20, 30 a méi Joren duerno sech nach un eis erënnere kënnen. Oder hiert Instrument nach spillen, sief et fir seng eege Passioun oder esouguer professionell. Bei dëser spezieller Geleeënheet gesi mir ganz vill vun eisen “Anciens” nees op der Bün!

Op Initiative an ënnert der Leedung vun eisen Enseignante Marc Desorbay, Gérard Frisch, Paul Origer a Jos Scholtes goufen esou 3 Ensembelen op d’Bee gesat; ee Klarinettenensembel, e Saxophonsensembel an eng Brass Band!

Événement antérieur: 21 mai
Aweiung 2026 - Combo-Owend