Combo-Owend
Bei dësem nächste Concert am Kader vun eiser Aweiung stinn eis Schüler nees am Mëttelpunkt! An zwar dierft der elo kommenden Donneschdeg, 21. Mee um 19h00 d'Comboen vun der Péitenger Museksschoul erliewen.
De Cours "Combo" gëtt et u sech nach net esou laang a versammelt Schüler aus allen Instrumenter an Altersklassen. Wat gëtt et méi flottes wéi zesumme Musek ze maachen, gläichzäiteg nei Mënsche kennen ze léieren an nei Frëndschaften enstoen ze loossen! Kommt en Donneschden den Owend bei eis an erlieft wéi eis jonk a manner jonk Talenter de Concertssall rocken!