Retour à tous les événements

Aweiung 2026 - De Kapitän Mullebutz a séng Séisswaassermatrousen

  • Péitenger Museksschoul 50, rue Batty Weber 4784 Pétange Luxembourg (carte)

De Kapitän Mullebutz a séng Séisswaassermatrousen

LIDDER FIR ZE SCHNEEKEN FIR KLENG A GROUSS

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaasermatrousen hunn erëm Buedem ënnert de Féiss. De Kapitän a seng Crew sinn an Héichform, a kënne mat guddem Gewëssen op hire Bauch lauschteren. Lo gëtt gutt gejickt a geschneekt… hmm! Pechege Kachkéis, en Zappee, eng laaaaaaang Zoossiss a ganz vill Schockela.

Bekannte Vollekslidder & Songs vum Auguste Donnen, René Pütz, Georges Urwald, Jenny Hilger, Ralph Kilburg a Romy Grangenet treffen op Greatest Hits aus de leschten Joerzéngten vun de Beatles, Little Richard, Limahl, Harry Belafonte, Alphaville & dem King: Elvis Presley. 

Di erfollegräich Iddi, flott Kannerlidder an en neie Mäntelchen ze stiechen, Rock- a Pop-Songs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en 3ten Deel. Fir jidderee vu 4 Joer un.

De Kapitän a seng Matrousen invitéieren all kleng a grouss Pirate fir mat hinnen ze sangen, ze danzen an ze schneeken. 

Dëst Joer si Kanner, déi schwéier héieren oder daf sinn, extra wëllkomm op eise Concerten, well mer se mat Hëllef vum Véronique Wagner-Steinmetz och an der  Gebäerdesprooch presentéieren.

Ouverture vun de Réservatiounen: 07/03/2026

Événement ultérieur: 13 mai
Audition Classe de Cuivres